Wäisse Kompanion

Silene latifolia alba

Erkennen! 2

De Wäisse Kompanion huet wäiss Bléie mat engem staarken Doft, déi réischt am Nomëtteg oder owes opginn. Seng Bléie gi virun Allem vun Nuetspäiperleke bestäubt.

Wousst der schonn? 2

D'Planz gëtt bei Hautkrankheeten an Erkrankungen vun den Otemweeër benotzt. Hir Saponine verflëssegen de Schläim bei Houscht, Halswéi a Sinusiten; si wierken och antibiotesch a fungizid.

Sources and Credits

  1. (c) jacinta lluch valero, some rights reserved (CC BY-SA), https://www.flickr.com/photos/70626035@N00/7096388285/
  2. (c) Thierry Helminger, some rights reserved (CC BY-SA)

More Info

iNat Map