Butscheblumm, Kéisblumm, Wiseblumm, Wisekascht

Cardamine pratensis

Erkennen! 2

D'Butscheblumm blitt am Fréijoer a kann eng Wiss an e Blummemier verwandelen. D'Bléi ka verschidde Fierwungen hunn, vu wäiss bis bleech violett oder rosa. D'Bléieblieder hu kleng violett Oderen. D'Blieder si gefiedert, d'Deelbliedercher si bei de Grondblieder bal ronn, um Still ganz schmuel längelzeg.

Wousst der schon? 2

D'Butscheblumm ass eng gutt Bäilag bei Zaloten. De schaarfe Goût no Cresson kënnt vun de Moschteruelecher déi dra sinn.

Summary 3

Cardamine pratensis (cuckooflower, lady's smock, mayflower, or milkmaids), is a flowering plant in the family Brassicaceae, native throughout most of Europe and Western Asia. The specific name pratensis is Latin for "meadow."

Sources and Credits

  1. (c) Steve Chilton, some rights reserved (CC BY-NC-ND), http://www.flickr.com/photos/73779416@N00/2434649067
  2. (c) Thierry Helminger, some rights reserved (CC BY-SA)
  3. Adapted by Thierry Helminger from a work by (c) Wikipedia, some rights reserved (CC BY-SA), https://en.wikipedia.org/wiki/Cardamine_pratensis

More Info

iNat Map