D'Bléie vum Wise-Klëppel si rout bis bloviolett. D'Planz huet Hoer, déi ewech stinn. Déi grogréng Blieder si géigestänneg, déi ënnescht stinn an enger Rosett a sinn ongedeelt, während déi iewescht meeschtens gefiedert sinn.
An der Volleksmedezin gouf d'Kraut an d'Wuerzel bei chroneschem Halswéi, Houscht, a Blosenentzündunge benotzt, seng Wierksamkeet konnt awer ni nogewise ginn. An der Homeopathie gëtt de Klëppel bei Entzündunge vun den Otemweeër a bei Verdauungsschwächt benotzt.
Knautia arvensis, commonly known as field scabious, is a species in the genus Knautia.