De Mëlle Stuerkeschniewel ass liicht behoert, mat laangen Hoer. Déi rosa Bléieblieder sinn häerzförmeg agebucht, méi déif wéi beim Klenge Stuerkeschniewel. D'Blieder hunn e kuerze Still a si bis an d'Mëtt handförmeg gedeelt. D'Bléi huet 10 Stëbsblieder mat Stëbssäckelcher. D'Friichten hu queesch Falen a sinn net behoert.
De Mëlle Stuerkeschniewel kann ee liicht mat dem Klenge Stuerkeschniewel verwiesselen. Si ënnerscheede sech duerch d'Stëbsblieder an duerch d'Ausgesinn an d'Behoerung vun de Friichten.
Geranium molle, the Dove's-foot Crane's-bill or Dovesfoot Geranium, is an annual herbaceous plant belonging to the Geraniaceae family.