Déi Schaarf an déi Krauchend Botterblumm gläiche sech ganz vill. De Bléiestill vun der Schaarfer Botterblumm huet keng Fou an d'Blaataschnëtt si vill méi spatz an eckeg wéi déi vun der Krauchender Botterblumm.
All Deeler vun dëser Planz si gëfteg, virun allem d'Wuerzelen. Vergëftunge beim Véi trieden nëmmen op, wa se d'Pflanz a grousse Quantitéite frësch friessen. Gedréchent ass d'Gëft praktesch onwierksam a fir d'Déieren onschiedlech. De laténgeschen Numm 'acris' bedeit 'schaarf' oder 'bäissend', wat sech op de Geschmaach vun der Planz bezitt.
Ranunculus acris is a species of flowering plant in the family Ranunculaceae, and is one of the more common buttercups across Europe and temperate Eurasia. Common names include meadow buttercup, tall buttercup, common buttercup and giant buttercup.