Och beim Breede Weeblat sinn all Blieder grondstänneg als Rosett ausgebilt. Si sinn zimlech grouss, läffelförmeg an hunn een däitlech ofgesate Blatstill. D'Planz verdréit Trëtt-Belaaschtung ganz gutt, dofir fënnt ee se och op befuerenen oder staark begaangene Weeër.
De Saaft vum Weeblat hëlleft ganz gutt géint Insektestéch oder wann ee sech un enger Brennessel gepickt huet. D'Indianer hunn dës Planz 'Foussofdrock vum wäisse Mann' genannt, well si sech an Amerika mat den europäesche Siidler ausgebreet huet.
Plantago major (broadleaf plantain, white man's foot, or greater plantain) is a species of flowering plant in the plantain family Plantaginaceae. The plant is native to most of Europe and northern and central Asia, but has widely naturalised elsewhere in the world.