D'Gehaanskraut ass eng Staud, där hir giel Bléien ëm Gehaansdag (24. Juni) opginn. D'Bléieblieder sinn op enger Säit gezackt an um Bord schwaarz getëppelt. D'Blieder sinn géigestänneg an hunn um Bord schwaarz Drüsen. Kuckt ee se géint d'Luucht, gesäit ee vill kleng duerchschéngend Tëppelen.
Wann een déi giel Bléieknospen tëscht de Fangerneel quetscht, kënnt eng däischterrout Drëps eraus. Gehaanskraut fënnt een a villen Präparater géint Depressiounen. Et kann een och e rouden Ueleg draus maachen, dee bei Verbrennungen a Muskelverkrampfungen hëlleft.
Hypericum perforatum, known as perforate St John's-wort, common Saint John's wort and St John's wort, is a flowering plant in the family Hypericaceae. The common name "St John's wort" may be used to refer to any species of the genus Hypericum. Therefore, Hypericum perforatum is sometimes called "common St John's wort" or "perforate St John's wort" to differentiate it. It is a medicinal herb with antidepressant activity and anti-inflammatory propert