Dem Wisekléi seng Bléie si mof-rout. Déi typesch 3-zieleg Blieder hunn ronn-elliptesch Bliedercher, déi oft eng méi hell Zeechnung hunn.
Kléiblieder kann ee réi op enger Zalot oder gekacht wéi Spinat iessen. D'Bléiestänn kann een op Zaloten oder Desserte maachen. Wéinst dem Nektar schmaache si séisselzeg.